Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden begréisst de Kaf vun Intelsat duerch d'SES

Satellittebedreiwer

De Luc Frieden begréisst de Kaf vun Intelsat duerch d'SES

“D’Regierung begréisst dës Transaktioun. Si ass net nëmme gutt fir d’SES, mee och fir de Standuert Lëtzebuerg a fir d’Land.”: Mat deene Wierder huet de Premier den Dënschdeg kuerz viru Mëtteg säi Point-presse zum Opkafe vun Intelsat duerch d’SES opgehalen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Luc Frieden | © © SIP / Frédéric Sierakowski play_arrow
Foto: Luc Frieden

De Luc Frieden hat do virdru vun enger grousser Nouvelle um globale Satellitemarché geschwat. Déi ier et och fir de Stat, deen, mat der Spuerkeess an der SNCI, de grousse Referenzaktionär vun der SES wier.

De Staat hätt dës Transaktioun, déi vum SES-Management proposéiert gouf, an de leschte Wochen aktiv begleet an ënnerstëtzt, sou de Premier. De Satellitesecteur wier am séieren, konstante Wandel, an traditionell Acteure wéi d’SES kéimen duerch neier wéi zum Beispill Starlink ënner Drock. Stëllstand, beispillsweis um Niveau vum Iwwerdroe vun Daten, wier virun deem Hannergrond eng ganz riskant Approche fir d’SES gewiescht, huet de Luc Frieden betount. Dee frou doriwwer ass, datt d’SES hei eng aktiv Roll gespillt huet.

D’Opkafe vun Intelsat géif ganz vun der SES gedroe ginn, sou datt d’Aktionäre Stat, SNCI a Spuerkeess keen neit Kapital dofir opzebréngen hätten. Wichteg wier och, datt d’SES eng Lëtzebuerger Gesellschaft bleift „...mat hirem weltwäite Sëtz, deen och zu Betzder bleift“, sou de Premier.

D'SES gëtt ee vun de gréisste Satellitebedreiwer

Doriwwer eraus bléif d’SES och europäesch a féierend am Lëtzebuerger Weltraumsecteur, wou si e bëssen d’Zuchpäerd wier.

Dës “grouss Operatioun am internationale Satelliteberäich” muss nach vun de Regulateuren a Saachen Telekommunikatioun a Konkurrenzrecht guttgeheescht ginn, zum Beispill vun der EU-Kommissioun. Dat dauert e bëssen, ënnersträicht de Premier. D‘SES géif sech duerch dës Transaktioun eng wichteg Plaz als ee vun de gréissten internationale Satellitebedreiwer sécheren.

D'SES soll eng wichteg Positioun am Kontext vun Verdeedegung hunn

An engems gëtt d’Firma vu Betzder quasi duebel sou grouss wéi haut. Ënnert dem Stréch ass d’Transaktioun, wéi de Luc Frieden erkläert huet, am laangfristegen Intressi vun der SES a vum Land.

„Si behält also hire Sëtz, eng bedeitend Presenz zu Lëtzebuerg, a si bleift e wichtege Partner fir eis national, europäesch an transatlantesch Défense.“

Déi de Grand-Duché an den nächste Jore verdéiwe misst, virum Hannergrond vun der internationaler Situatioun, Stéchwuert 2 Prozent vum nationale PIB, déi sollen an d’Verdeedegung gestach ginn.

Lauschterenplay_arrow