Radioen

On air

De Moien  |  Pilot - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Album vun der Woch: De-strukturéiert Danzmusek

Bullion - "Affection"

Album vun der Woch: De-strukturéiert Danzmusek

Als Produzent huet den Nathan Jenkins der Musek vum Ben Howard, dem Westerman oder der Nilüfer Yanya säi Stempel opgedréckt. Ënner dem Pseudonym Bullion weess hie mat sengem neien Album “Affection” och als Solokënschtler ze iwwerzeegen.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Josh Hight

Seng Léift fir d’Musek huet den Englänner Nathan Jenkins als Kand entdeckt: Säin Zëmmer louch nämlech genee iwwer dem Bureau vu sengem Papp a wärend dem Schaffen huet dee gär de Pop aus den 1980er opgeluecht, vun Annie Lennox bis Pet Shop Boys. An haut kléngt dem Jenkins säi Sound tatsächlech e bësse wéi wann een déi Kläng vun deemools géif duerch de Filter vun der Erënnerung lauschteren.

Chorus- a Flangereffekter réckelen d’elektresch Gittar méi no bei d’Synthesizer, sou datt Säiten- an Tasteninstrumenter zu engem Ganze verschmëlzen. Den Hall gëtt spuersam agesat, näischt gëtt kënschtlech vergréissert an den Nathan Jenkins probéiert och net, Ongenauegkeeten hanner engem 'Flou artistique' ze verstoppen. Éischter inzenéiert de  Bullion sech an den zwielef Titele vun “Affection” mat engem gewëssen Understatement. De Museksblog Pitchfork huet eemol iwwer hie geschriwwen, hie géif epesch Songs a Miniaturformat fabrizéieren.

Méi avantgardistesch Stécker wéi “40 Waves” begéinen hei Pop am Single-Format à la “A City’s Never”. Dësen Titel huet den Nathan Jenkins zesumme mam Panda Bear opgeholl, dee mam biergerlechen Numm Noah Benjamin Lennox heescht, an och bekannt als Member vun der Band Animal Collective. “Open Hands” zitéiert The Smiths hiert “Cemetary Gates”, “Cinch” ass mat sengem pulséierende Bass an dem Vocoder am noosten drun un engem danzbaren Electro-Stéck. 

Nieft der Zesummenaarbecht mat Panda Bear fënnt een och nach Kollaboratioune mat der franséisch-belscher Songschreiwerin Charlotte Adigéry a mat der Carly Rae Jepsen, déi virun allem bekannt ass duerch hiren Hit “Call Me Maybe” vun 2011. Fir e puer Stécker vun där hirem leschten Album “The Loneliest Time” souz iwweregens och den Nathan Jenkins hannert dem Mëschpult.

Nieft senger Aarbecht als Produzent a Solokënschtler ass den Nathan Jenkins nach DJ a Radiopresentateur. Hien huet un ongezielte Remixe geschafft, an him geléngt et mat “Affection” op beandrockend Manéier seng ganz breet musikalesch Kultur an een erstaunlech homogenen Album ze paken.

Anescht wéi vill anerer, déi hirer Influenze just zitéieren, zerleet de Bullion de Sound vun den 1980er a seng Eenzeldeeler, fir en dono op eng immens spannend Manéier erëm zesummenzebastelen an domat eng Bréck an d’Géigewaart ze bauen.

Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek
Rock a Pop