Radioen

On air

Notturno  |  Maka Mc - Balkonien Feat. David Fluit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Soundcheck

search / Soundcheck

/ Soundcheck - Live Musek um 100,,7

Soundcheck - Live Musek um 100,,7

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Déi kalifornesch Pop-Sängerin Caroline Polachek produzéiert vill un hirer Musek selwer, bréngt eng Stëmm, déi esou munch een DJ op sengem Track wollt a wëll. Geordie Springsteen nennen d‘Englänner de Sam Fender zu Recht, a mat vill Affektioun. Seng lescht Plack „Seventeen Going Under“ war genee wéi d‘Virgängerplack op Nummer 1 vun de Britteschen Album-Charts. Lescht am Bond ass d‘Arlo Parks vu London, déi 2023 mat „My Soft Machine“ hir zweet erfollegräich LP erausbruecht huet. Déi 3 Concert‘e goufe vum Schwedesche Radio 3 um Way Out West Festival zu Göteborg leschten August opgeholl, zur Verfügung gestallt vun der European Broadcasting Union.

Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden