Klassik Album vun der Woch
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
7 min
Aendokter a Komponist
Wien online no “John D. Gottsch” sicht, entdeckt datt et ee Komponist mat deem Numm gëtt, an datt een Aendokter och esou heescht. No e bësse Recherche stellt een da fest, datt dat een an déi selwecht Persoun ass. Medizin huet de Gottsch net iergendwou studéiert, mee ënnert anerem op der John Hopkins University School of Medicine. D’Spidol zu Baltimore am US-amerikanesche Staat Maryland ass ee vun de bekanntsten an Amerika, an zemools bekannt fir seng Fuerschungen.
Krokodillen an d’Natur vu Florida
De John D. Gottsch ass zu New Orleans am US-amerikanesche Staat Louisiana op d’Welt komm, a kuerz drop mat senger Famill op Florida geplënnert. Do huet hien als Kand vill Zäit dobausse verbruecht. Hie wier mat Krokodille geschwommen an hätt awer och ëmmer erof gekuckt huet, fir sécher ze goen, datt keng Klapperschlaangen ënnerwee sinn. De Gottsch war also definitiv e Kand mat vill Courage an Entdeckungsfreed. Well hien esouvill an der Natur ënnerwee war als Kand, huet hien och eng déif Léift fir d’Schéinheet vun der Natur a vum “Wildlife” vum Florida-Staat entwéckelt.
Cineastesch a grouss Klangwelten
Wann een seng Ae beim Nolauschteren zoumécht, mengt ee bal et wier een an engem grousse Kinossall – de Founders Trio spillt dem Gottsch seng Wierker voller Freed a Fonken. Egal wéi eng Natur de Gottsch a senger Musek widderspigelt, et klengt ëmmer alles ganz cineastesch a no grousser wäiter Natur. Et ass definitiv Musek, bei där ee bal Héngerhaut kritt – an dem Gottsch seng Musekssprooch ass och scho verglach gi mat där vun anere grousse Komponiste wéi dem John Williams an dem Erich Wolfgang Korngold – alle béid si jo weltberüümt fir hir Filmmusek. De Gottsch kritt et och fäerdeg, e Gefill vu cineastescher Musek ze ginn.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Mozart, You Drive Me Crazy!
D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
Suitte vum Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
Entdeckungen
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
Eklektesch, an awer vereent
Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
E Prënz op der Gei
Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
De valenzianesche Mozart
De neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
Eng gelongen Transparenz
De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
Bruckner 2
Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
The Silk Road
Vu Venedeg bis a China mat véier verschiddene Komponisten. Op dës Rees hëllt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album
Nei Opnam vun der Cellistin Nuala McKenna mam Pianist Robert Kulek mat Musek aus dem 20. Joerhonnert
Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki
Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass réischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn
Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
Finnish Piano Works
Deen neien Album vun der finnescher Pianistin Terhi Dostal mat Musek aus hirer Heemecht
"Contrasts"
Wierker voller emotionale Kontraster, gespillt vun zwee jonke Museker
- 1
- 2