Radioen

On air

9 bis 1  |  Little Simz - Woman Feat. Cleo Sol

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Première: Vanitas. Live fast, never digest

E liewegen Tableau iwwer d'Stierflechkeet an der Escher KUFA. Eng zeenesch Kreatioun vum Kënschtlerduo Sandy Flinto a Pierrick Grobéty.

Weltfraendag an der Abtei Neimënster

Ainhoa Achtegui am Gespréich iwwer d'Bedeitung vum 8. Mäerz an d'Manifestatiounen an deem Kontext an der Abtei Neimënster.

Dr. Mirjam Sachse iwwer d'Clara Zetkin

E Gespréich mat der Historikerin vum Archiv der deutschen Frauenbewegung Kassel iwwer d'Fraerechtlerin Clara Zetkin.

Dr. Mirjam Sachse iwwer d'Clara Zetkin

E Gespréich mat der Historikerin vum Archiv der deutschen Frauenbewegung Kassel iwwer d'Fraerechtlerin Clara Zetkin.

Première: Vanitas. Live fast, never digest

E liewegen Tableau iwwer d'Stierflechkeet an der Escher KUFA. Eng zeenesch Kreatioun vum Kënschtlerduo Sandy Flinto a Pierrick Grobéty.

Ouverture LuxFilmFest

De Stater Filmfestival huet haut ugefaangen. Eis Journalisten diskutéieren iwwer zwee Filmer: "The Third Wife" (Ash Mayfair) a "Ray & Liz" (Richard Billingham).

Wat wousst de Poopst Pius XII?

De Poopst François mécht deen Deel vum geheime Vatikan-Archiv iwwer den ëmstriddene Poopst Pius XII fir Fuerscher d'nächst Joer op.

"Ungeräumig" am Wallis Paragon vum Frank Yvan

Fir de Kënschtler Frank Yvan ass de Mënsch haut "ungeräumig": en ass isoléiert a gefaangen, trotz all senger Kommunikatiounsméiglechkeeten.

"Le Détroit" vum Stan Douglas am Mudam

De Lissabonner Joâo Chaves huet sech op de Montage vu komplexe Film-Installatioune spezialiséiert. Och de Mudam schafft mat him zesummen.

"Luxembourg for Kids" am MNHA

En neie Kannerparcours duerch den MNHA, mat enger spezieller Broschür mat einfachen Texter a kreativen Aufgaben.

"Le Détroit" vum Stan Douglas am Mudam

De Lissabonner Joâo Chaves huet sech op de Montage vu komplexe Film-Installatioune spezialiséiert. Och de Mudam schafft mat him zesummen.

Nei Filmer

Wat leeft dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen un?

Nei Filmer

Wat leeft dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen un?

"Luxembourg for Kids" am MNHA

En neie Kannerparcours duerch den MNHA, mat enger spezieller Broschür mat einfachen Texter a kreativen Aufgaben.

"Histoire de la Réforme, histoire réformée." Eric Vuillard am Gespréich

Den Laureat vum Prix Goncourt 2017 Eric Vuillard iwwer säin neit Buch "La Guerre des Pauvres".

"Bed In For Peace"-Aktioun zu Amsterdam

Viru 50 Joer hunn den John Lennon an d'Avantgarde-Artistin Yoko Ono siwen Deeg am Pyjama am Bett géint de Vietnam-Krich a fir de Fridden demonstréiert.

"Histoire de la Réforme, histoire réformée." Eric Vuillard am Gespréich

Den Laureat vum Prix Goncourt 2017 Eric Vuillard iwwer säin neit Buch "La Guerre des Pauvres".

Däerfen d'Venezuelaner net bleiwen, wat si sinn?

Virun der offizieller Visite vum russesche Premier huet d'US-Ambassade d'Lëtzebuerger Regierung opgeruff, Drock ze maache wéinst der Krim.