Radioen

On air

9 bis 1  |  SHOSTAKOVICH, DMITRI - Symphony Nø15 In A-Dur, Op.141 Allegretto - Söderström/Wenkel/Karczykowski

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

"The man and the sea": de Marco Godinho zu Venedeg

Mam Projet "Written by Water" vertrëtt de Konzeptkënschtler Marco Godinho vu Mee bis November de Grand-Duché op der 58. Biennale vu Venedeg.

"The man and the sea": de Marco Godinho zu Venedeg

Mam Projet "Written by Water" vertrëtt de Konzeptkënschtler Marco Godinho vu Mee bis November de Grand-Duché op der 58. Biennale vu Venedeg.

Luxfilmfest: Kritik vun "The Third Wife"

Déi am Vietnam gebueren Ash Mayfair setzt sech mat der Plaz vun der Fräiheet an engem vum Schicksal dominéierte Liewen auserneen.
Le dieu du carnage am TNL

Le dieu du carnage am TNL

Den TNL bréngt der Yasmina Reza hiert weltbekannten Theaterstéck op d'Bühn.

Luxfilmfest: Kritik vun "The Announcement"

Eng minimalistesch Mise en scène a subtil-dréchenen Humor zeechnen dësen tierkesche Film vum Mahmut Fazil Coşkun iwwer ee versichte Militärputsch aus.
Le dieu du carnage am TNL

Le dieu du carnage am TNL

Den TNL bréngt der Yasmina Reza hiert weltbekannten Theaterstéck op d'Bühn.

Nei Filmer

Nach leeft de Filmfestival, mee et ginn awer och fënnef nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoen.

Nei Filmer

Nach leeft de Filmfestival, mee et ginn awer och fënnef nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoen.

Luxfilmfest: Kritik vun "The Announcement"

Eng minimalistesch Mise en scène a subtil-dréchenen Humor zeechnen dësen tierkesche Film vum Mahmut Fazil Coşkun iwwer ee versichte Militärputsch aus.

"Georges Dandin" am Théâtre du Centaure

D'Anne Simon inzeenéiert mam Molière sengem "Georges Dandin" hiert éischt franséischt Stéck am Théâtre du Centaure.

Virtuell Realitéit um eegene Leif testen

Ee Film immersiv mat e puer Sënner erliewen. Eng Welt tëschent Fiktioun a Realitéit. Zéng Wierker ginn um Luxembourg City Filmfestival gewisen.

"Georges Dandin" am Théâtre du Centaure

D'Anne Simon inzeenéiert mam Molière sengem "Georges Dandin" hiert éischt franséischt Stéck am Théâtre du Centaure.

Den Intro_Livre/ dessin am Konschthaus beim Engel

De Marc Angel an d'Camille Lazzari weisen d'Facettë vun der Buchillustratioun am Konschthaus beim Engel ënner dem Titel "Livre/ dessin".

Den Intro_Livre/ dessin am Konschthaus beim Engel

De Marc Angel an d'Camille Lazzari weisen d'Facettë vun der Buchillustratioun am Konschthaus beim Engel ënner dem Titel "Livre/ dessin".

Virtuell Realitéit um eegene Leif testen

Ee Film immersiv mat e puer Sënner erliewen. Eng Welt tëschent Fiktioun a Realitéit. Zéng Wierker ginn um Luxembourg City Filmfestival gewisen.

LuxFilmFest Spezial

Zwee Filmer aus der offizieller Kompetitioun ginn haut beschwat: "The Announcement" (Mahmut Fazil Coşkun) an "The Realm" (Rodrigo Sorogoyen).

Come Home - Rigmor Gustafsson

Deen neie CD vun der schwedescher Jazzsängerin proposéiert ë. a. iwwerschaffte Versioune vun Joni Mitchell, Kate Bush an Tanita Tikaram.

Come Home - Rigmor Gustafsson

Deen neie CD vun der schwedescher Jazzsängerin proposéiert ë. a. iwwerschaffte Versioune vun Joni Mitchell, Kate Bush an Tanita Tikaram.

Portrait vum Charles Bukowski

Den amerikanesche Schrëftsteller ass viru 25 Joer gestuerwen. Dichter, Alkoholiker, Provokateur: Den "dirty old man" war eng Ikon vun der amerikanescher Géigekultur.

Weltfraendag an der Abtei Neimënster

Ainhoa Achtegui am Gespréich iwwer d'Bedeitung vum 8. Mäerz an d'Manifestatiounen an deem Kontext an der Abtei Neimënster.