Wëssenswäert
Jonk Mënschen ëmmer méi onglécklech?
4 min
D’Fuerschung war laang Zäit dovunner iwwerzeegt, datt jonk Erwuessener déi schéinsten Zäit vum Liewen duerchginnn.
Dat huet sech awer geännert, Schold dorunner si global multipel Krisen a sozial Medien. Zanter Mëtt den 1950er Jore gi Fuerscher dovunner aus, datt d’Liewensgléck eng U-Form huet. D’Zäit vu Wuesse bis an de jonken Erwuessenenalter gëllt als pueren Gléckszoustand ... vun 20 u geet et da biergof, bedéngt duerch d’Liewen oder besser gesot, wann een ufänkt sech am Liewen ze etabléieren.
An domadder geet et net duer, et geet weider erof mat der Gléckskurv, an zwar bis ëm déi 60 Joer, da klëmmt der Wëssenschaft no d’Ëmpfanne vu Gléck nees.
Just ass dës Liewenskurv vum Liewensgléck net méi zäitgeméiss.