Wëssenswäert
Hëtzt a kal Duschen - déi falsch gutt Iddi
3 min
De Mënsch ass esou gebaut, datt wann et kal ass de Kierper Hëtzt produzéiert, wann et awer waarm ass, schweesst de Kierper, fir d’Hëtzt lasszeginn.
Wien also, wann et waarm ass, eng kal Dusch hëlt, provozéiert de Géigendeel vum Ofkillen. Kënnt kaalt Waasser a Kontakt mam waarme Kierper, wiert dëse sech a kämpft géint d’Keelt un a produzéiert eben Hëtzt.
Donieft sollt een och betounen, datt ganz kaalt Waasser och ka geféierlech ginn, well et d’Gefäässer zesummenzitt. Wie jonk a gesond ass riskéiert näischt, mee zum Beispill ass dat Ofdusche mat ganz kalem Waasser nom Sport net gesond, de Kierper, dee geschafft huet ass waarm a midd a kann duerch kaalt Waasser e Schock erliewen.