Radioen

On air

De Weekend  |  LISA feat. Doja Cat, RAYE - Born Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot Emol

100komma7.lu / Sot Emol

/ Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De 27 Januar 1945 huet déi russesch Arméi d’Konzentratiounslager Auschwitz an d’Vernichtungslager Auschwitz-Birckenau liberéiert, 7000 Iwwerliewender, Fraen, Männer a Kanner waren nach am KZ Auschwitz. Mee Auschwitz ass e Synonym vum Terrorregim vun Nazi-Däitschland ginn. Iwwer 1,1 Millioune Mënschen, dovunner 1 Millioun Judde goufen op deem risegen Areal am Süde vu Polen, 42 Quadratkilometer grouss , op brutaalst Manéier ëmbruecht, vergaast oder anescht gesot exterminéiert. Auschwitz steet fir d’Shoah, de Genozid un de Judden duerch Nazien an d’SS.

Auschwitz-Birckenau steet ganz speziell fir d’Exterminatioun vun honnert Dausende vu Mënsche. Birckenau gouf och nach de „Camp de la mort“ oder d’Industrie vum Doud genannt. „Arbeit macht frei“ steet grouss iwwert der Entréespaart fir an d'Stammlager Auschwitz eran. Auschwitz heescht a Polen Osviecim, Auschwitz ass de Numm deen Nazien der Stad ginn a mat deem se op eng traureg Manéier bekannt ginn ass.

Eng Fro steet awer nach ëmmer am Raum, eng Fro op déi ee wuel ni eng Äntwert wäert fannen: “Wéi konnte Mënschen anere Mënschen dat undoen?”

De Jean Claude Majerus proposéiert iech e méi spezielle Sot emol déi Kéier mat Temoignagë vu Mënschen déi d‘Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Mat vill Engagement, Talent an och Passioun ass dës Actrice amgaange sech an der Schauspillwelt ze etabléieren. Si ass vill zu Paräis, mee huet sech och schonn op Lëtzebuerger Büne gewisen a bewisen.
headphones

56 min

play_arrow
Aly Bintz: E léiwe Männchen

Aly Bintz: E léiwe Männchen

De Lëtzebuerger Acteur a Sänger Aly Bintz ass virun 20 Joer am Alter vun nëmme 75 Joer gestuerwen. Mir erënneren un dëse Lëtzebuerger Entertainer.
headphones

55 min

play_arrow
Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

De Gesondheets-Clown Joe Del Toe ass den Invité bei Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Den aktuellen Directeur technique vum COSL Raymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
headphones

55 min

play_arrow
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D'Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin an Dirigentin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Als Liichtathleet war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, ë. a. mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter. Als CSV-Deputéierte souz hie 14 Joer an der Chamber.
headphones

56 min

play_arrow
Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Bei der Invitée dës Kéier fënnt een nees eng grouss Diversitéit an hirem Parcours, dee si mécht oder bis ewell gemaach huet.
headphones

57 min

play_arrow
Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller mat italieeneschen Originnenan ass zanter Ufank u fräie Mataarbechter vum radio 100,7. Éier hie sech ganz dem Schreiwe consacréiert huet, war hie Franséisch Proff.
headphones

56 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Mueker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Museker an Museksprofesser am Escher Conservatoire war nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt.
headphones

56 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

D'Isabelle Braun-Dominicy ass Pianist an Enseignante fir Solfége. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft de Coursen och de Jugendchouer dirigéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra a senge véier Bouwen a Schweden ausgewandert.
headphones

56 min

play_arrow
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

56 min

play_arrow
Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus

Dominique Santana: Konscht a Geschicht

D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow