Schwéierpunkt vum Dag
Breaking, eng éischte Kéier bei den Olympesche Spiller
5 min
Haut a muer (9. an 10.8.) ass eng Première op den Olympesche Spiller zu Paräis: fir déi éischte Kéier ass Breaking oder Breakdance eng Olympesch Disziplin.
A KO-Dueller trieden déi 16 Dänzer:inne géinteneen un, bis um Enn nach just zwou Dänzerinnen an zwee Dänzer iwwereg bleiwen, déi dann déi éischt Breaking-Goldmedailen ënner sech ausmaachen.
Et ass awer nieft deem sportleche Succès och e wichtegen Ament fir eng Danzdisziplin bei den Olympesche Spiller derbäi ze sinn, fir nach emol ze ënnersträichen, datt Danz net nëmme Konscht a Kreativitéit ass, mee och e sportlechen Effort.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus