Retromania
Jeanne-Claude: Eng aussgewéinlech Open-Air-Artistin
8 min

Den 18. November 2009 koum Nouvelle, datt déi aussergewéinlech, extravagant an international renomméiert Artistin fir Open-Air-Konscht Jeanne-Claude zu New York am Alter vu 74 Joer gestuerwe war.
D’Jeanne-Claude, virun allem an Zesummenaarbecht mat hirem Mann Christo, huet Joerzéngte laang d’Open-Air-Konscht op Weltniveau markéiert. Hir Konscht kann als Superlativ beschriwwe ginn, e Beispill dofir ass, wéi d’Kënschtlerkoppel 1995 de Reichstag zu Berlin agepaakt huet.
51 Joer laang waren de Christo an d’Jeanne-Claude eng Koppel. De Christo selwer ass den 31. Mee 2020 zu New York gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un d’Kënschtlerkoppel.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Jack Lemmon: Dee rouegen Hollwood-Schauspiller
Den Acteur Jack Lemmon, eng vun de grousse Figure vum Film, koum den 8. Februar 1925 op d'Welt.
Arhur Miller: D'Gewësse vun Amerika
Et si geschwënn 20 Joer hier, datt den amerikaneschen Auteur an Dramatiker Arthur Miller am Alter vu bal 90 Joer gestuerwen ass.

E Film no un der Perfektioun
Dem Carol Reed säi Filmmeeschterwierk "The THird Man" hat viru 75 Joer weltwäit e rise Succès.

Rio Reiser: De Kinnek vun Däitschland
De däitsche Kult-Rockmuseker a „König von Deutschland“ Rio Reiser hätt d’lescht Woch 75 Joer kritt, en ass awer 1996, 46 Joer jonk gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un de Rio Reiser a sengem Retromania
Marc Oinger: E Pilier vum Theater zu Lëtzebuerg
Den 8. Januar 2015, virun 10 Joer, ass e Pionéier vun der Lëtzebuerger Theaterzeen gestuerwen.

Albert Camus: De Philosoph vum Existenzialismus
De Literaturnobelpräislaureat vun 1957 koum haut op den Dag (4.1.) viru 65 Joer op eng éischter absurd Manéier ëm d'Liewen.

Samuel Beckett: Dee groussen Dramatiker mat senger knapper Sprooch
Deen ireschen Auteur ass viru 35 Joer, den 22. Dezember 1989, zu Paräis gestuerwen. “Waitung for Godot” ass dem Beckett säi bekanntste Wierk, mee och aner Stécker hunn déi modern Theaterliteratur decisiv beaflosst.

Rudolf Platte: Seng traureg Manéier war seng Komik
Ee vun de leschte richtegen däitsche Volleksschauspiller, de Rudolf Platte, ass den 18. Dezember 1984, viru 40 Joer deemno, gestuerwen.

Nic Klecker: E bedeitenden Humanist
De Lëtzebuerger Auteur, Professer, Mënscherechtler, fréiere President vun Amnesty International Lëtzebuerg a vun der Comission consultative des droits de l’homme ass de 14. Dezember 2009 am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

De "Band-AId"-Projet gouf viru 40 Joer lancéiert
Viru 40 Joer gouf d'Lidd "Do They Know It's Christmas" publizéiert an domadder eng eenzegaarteg Well vu Solidaritéit lancéiert an een aussergewéinleche solidaresche Mouvement gebuer.

Eugène Ionesco: E Pilier vum absurden Theater
Virun 115 Joer gouf de franséischen Dramatiker Eugène Ionesco a Rumänie gebuer, Matgrënner vum absurden Theater.

Jeanne-Claude: Eng aussgewéinlech Open-Air-Artistin
Déi renomméiert Open-Air-Artistin a Partnerin vum Christo ass den 18. November 2009 viru 15 Joer zu New York am Alter vu 74 Joer gestuerwen.

Jukebox
De Museksapparat gouf virun 135 Joer an den USA erfonnt.

Dräi Schrëftsteller an dräimol 95 Joer
Viru 95 Joer koumen an enger Woch, bannent 3 Deeg, tëschent dem 9. an 12. November, 3 grouss Schrëftsteller op Welt: de Michael Ende, den Imre Kertesz an den Hans Magnus Enzensberger.

Henri Matisse: D'Faarf huet d'Haaptroll gespillt
Dee bedeitende franséische Moler ass den 3. November 1954 gestuerwen,viru 70 Joer deemno.
Paul Margue: En Historiker duerch an duerch
Den Historiker, Auteur a fréiere Chefredakter vum Geschichtsmagasin “Heemécht” Paul Margue ass de 27. Otkober 2019, viru 5 Joer, am Alter vu 96 Joer gestuerwen.

Doris Lessing: Den Nobelpräis, e verdammten Desaster
Déi brittesch Schrëftstellerin a Literaturnobelpräislaureatin vum 2007 Doris Lessing ass den 22 Oktober 1919 also virun 105 Joer gebuer ginn. A si ass de 17. November 2013 mat 94 Joer gestuerwen.

Leonard Cohen_ De Song-Poet mat der eenzegaarteger Stëmm
De Leonard Cohen hätt den 21 September dëst Joer 90 Joer kritt. De Leonard Cohen ass awer den 7 November 2016 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Marcello Mastroianni: Seng Stäerkte ware Melancholie an Emotioun
De Marcello Mastroianni koum virun 100 Joer op d'Welt an ass 1996 am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
