1. Ënner dem Titel “Grouss Defien. Grouss Verantwortung” ass de Moien zu Ettelbréck den Nationalkongress vun der CSV. Fir d’Regierungspartei wéilt een d’Zukunft vu Lëtzebuerg an Europa gestalten
2. déi gréng sinn zu Ueweraanwen fir hire Kongress zesummen: Dobäi géif et ëm eng konstruktiv Oppositioun goen, dat an Zäiten, an deene géint de Populismus an d’Opkomme vu Rietsextremismus misst gekämpft ginn
3. D’Liichtathleetin Patrizia van der Weken steet bei der Hale-WM a China an den Halleffinallen iwwer d’60 m, an de Schwéiergewiichtsboxer George Foreman ass am Alter vu 76 Joer gestuerwen