Radioen

On air

9 bis 1  |  Les Imprimés - With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Dance, No One's Watching

Dance, No One's Watching

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Brittesche Jazz Quintett Ezra Collective huet e neien Album ‘Dance, No One's Watching’ eraus. Haut bei One World en éischte Virgeschmaach!


De Spriechgesang vum Farees mécht explizitt Aussoen zum Thema Diskriminatioun vu Mënsche mat enger donkeler Hautfaarf. Et geet em Ausgrenzungen och géigeniwwer deenen di nëmme liicht mi donkel sinn...


Di nei EP ‘Embers’ vum amerikanesche Produzent Sweatson Klank deen als Maestro vun der elektronescher Musek bekannt ass verwieft Beats mat Soul, Jazz a Funk Elementer.


Morcheeba, d’Pionéier vum britteschen Trip Hop annoncéieren e neien Album an hei bei One World entdecke mer haut schonn d’Single ‘Call For Love’.


E poeteschen Universum wou et em Léift an och em Zweiwel geet ass dee vun der franséischer Singer-Songwriterin an Interpretin Laura Cahen. Hier metaphoresch Sprooch duerchleeft d’Themen vun der Fraen.


De Saxophonist, Arrangeur a Produzent Adrien Soleiman invitéiert d’Pop-Sängerin Halo Maud op sengem neien Album ‘BelleJazzClub Vol.1’. De Soleiman hat sech fir d’éischt fir de Rugby passionéiert ier en an den Jazz an d’Bossa Nova agedaucht ass….


Den David Sylvian deen an den Enn 70er bekannt ginn ass mat der Grupp Japan an de Robert Fripp bekannt als Gittarist a Grënner-Member vu der progressiver Rockband King Crimson héiere mer an enger seelener Collaboratioun. Dës ass ze fannen um Album ‘Everything & Nothing’ Disk deen den David Sylvian 2000 erausbruecht huet mat bis dohinner nach net verëffentlechtem Material a Versioune vu Lidder wärend dem Sylvian sengen 20 Joer bei Virgin Records.


Playlist:


1. Olivia Dean & Ezra Collective - No One's Watching Me (feat. Olivia Dean) - Dance, No One's Watching

2. Sola Rosa - Del Ray - Get It Together

3. Manu Chao - Viva tu - Viva tu - Single

4. Farees - I'm Privileged - Border Patrol

5. Sweatson Klank - Sundial - Embers - EP

6. Tiago Caetano - Só Quero Viver - Constelação - Single

7. Khalid Khudayri - Armadillo (feat. Munir Khauli) - Invisible Reality

8. Morcheeba - Call For Love - Call For Love - Single

9. Antonello Salis, Paolo Angeli, Gavino Murgia & Hamid Drake - Corsicana Tarantina - Giornale Di Bordo

10. Laura Cahen - Fusées - De l'autre côté

11. Adrien Soleiman & Halo Maud - When The Magic Happens (Derrière le soleil) - Single

12. David Sylvian & Robert Fripp - God’s Monkey - Everything & Nothing

13. Tash Sultana - Blackbird - Flow State

Episoden

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow