Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jakob Bänsch - Maeve

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Tour du Monde

Tour du Monde

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Tiago Caetano ass als Kand opgewuess mat de grousse brasilianeschen Artisten. Zu dësen Influenze kommen haut a senger Musek aner Referenzen derbäi wéi zum Beispill d’Indie-Pop vun de Beach Fossils. Den Tiago léist en agreabele Melange erkléngen, mir entdecke säin neien Album ‘Constelação’.

D’Claude Fontaine ass eng amerikanesch Singer-Songwriterin mat engem franséischen Numm. Hiren neien Album dréit och eng franséisch Iwwerschrëft: ’La Mer’ eng douce Fusioun vu 60ies Ye Ye-Pop, engem Touch Reggae a brasilianeschem Tropicalismo.

Eng Soul-räich Pop mat Influenzen aus de 70er, Soft-Rock, Funk an och Disco Elementer héiere mer vum Australier Joel Sarakula. Haut bei One World en éischte Virgeschmaach op seng Aktualitéit ‘Soft Focus’

Den Teófilo Chantre huet eng Stëmm an en Ausdrock dee beréiert, an och net vun ongeféier un di grouss Cesaria Evora erënnert. Joerzéngten huet hie mat der Diva collaboréiert a verëffentlecht zënter 1993 Disken ënner sengem eegenen Numm.

Am September 2024 ass de neien a 14ten Studio-Album ‘Soft Tissue’ vun den engleschen Tindersticks erauskomm. Hir Capacitéit atmosphäresch Klanglandschaften ze schafen di voller Emotioun a munchmol oppen melodramatesch sinn eegnen sech gutt fir de Film. D’Tindersticks hunn 7 B.O’en fir di franséisch Regisseurin Claire Denis geschriwwen…

De Sänger a Saxophonist Michael Stephenson an de Bassist Alexander Claffy si laangzäit Frënn déi op hiren Instrumenter matenee kommunizéieren.

D’ Danielle Ponder ass eng amerikanesch Musekerin a studéiert Affekotin déi sech aktiv asëtzt fir d’Black Lives Matter Beweegung, engagéiert an talentéiert!

En Artist deen hien e Medezin-Studium hannert sech huet awer decidéiert huet Musek ze maachen ass de SunSay aus der Ukrain. Hie lieft grad wéi säi Land eng immens schwiereg Zäit. 2022 wor hien eng vun den Decouvertë vun den Transmusicales vu Rennes. En interessanten Interview ass ze fannen um Site vum Festival. Hei ënnersträicht den Artist d’Wichtegkeet weider un d’Mënschlechkeet ze gleewen!



Playlist:


1. Tiago Caetano - Só Quero Viver - Constelação - Single

2. Claude Fontaine - Relíquia - La Mer

3. Teófilo Chantre - Bô Viajá - The Lusafrica Series: Rodatempo / Viajá

4. The Reed Conservation Society - Gold, Gun & God - Ep N°3

5. Joel Sarakula - Back For Your Love - Soft Focus

6. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon

7. Tindersticks - Don’t Walk, Run - Soft Tissue

8. Michael Stephenson & Alexander Claffy - Outskirts of Town - Outskirts of Town Vocal Jazz 0

9. Muriel Grossmann - Essence - Universal Code

10. Danielle Ponder - Some Of Us Are Brave - Some of Us Are Brave

11. Sunsay - Excatly U

12. Chinese Man - Scatter (There They Go) [feat. Ex-I] - The Groove Sessions, Vol. 3

13. Basement Jaxx featuring Lisa Kekaula - Good Luck (Featuring Lisa Kekaula) - The Singles

14. Magnus - Catlike - Where Neon Goes To Die

Episoden

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow