Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jakob Bänsch - Maeve

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Lagos-Paris-London

Lagos-Paris-London

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Mam Album “Film Of Life” gëtt eis den Tony Allen en Iwwerbléck vu senger laanger spannender Karriär, déi den Afrobeat mat Jazz a psychedeeleschem Pop verbënnt.

Déi richteg Leit beieneen, zemools och nach wa si a verschiddene Museksgenren aktiv sinn, ergëtt dacks richteg spannend Klanglandschaften! Ee Beispill ass d’Collaboratioun tëschent dem Komponist Angelo Badalamenti, deen ë. a d’Filmuseke vum David Lynch signéiert huet, zesumme mam englesche Popmuseker Tim Booth vun der Formatioun James.

De südafrikaneschen Jazz-Kollektiv SPAZA huet en Documentaire musikalesch begleet, deen iwwer d’Onroue vu Soweto aus dem Joer 1976 handelt …

Och bei One World en Extrait, dee mir nach net gelauschtert hunn, vun den Tindersticks hirem neien Album “Soft Tissue”. Dëse 14. Epos vun den Englänner léist op en Neits der Grupp hir Experimentéierfreed an hire feine Songwriting erkléngen!

De Badge Époque Ensemble ass de Projet vum Kanadier Max Turnbull. Hie vermëscht Instrumenter a Genren op eng onkonventionell Aart a Weis.

Playlist:

1. Adrian Sherwood & Temi Oyedele - I Dupe (Thanks Giving) - Dub No Frontiers

2. Tony Allen - Na Bangui (feat. Sandra Nkaké) - Film of Life

3. Yannis & The Yaw - Night Green, Heavy Love (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London

4. Yusef Lateef - Jungle Plum - The Gentle Giant

5. Tim Booth & Angelo Badalamenti - Dance of the Bad Angels - Booth and the Bad Angel

6. Axiom Funk feat. Bootsy Collins - If Six Was Nine - Stealing Beauty

7. SPAZA - Sizwile - UPRIZE!

8. Tindersticks - New World - Soft Tissue

9. Badge Époque Ensemble - Just Space for Light (feat. Jennifer Castle) - Self Help

10. Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses

11. René Aubry - Aquarelle - Signes

Episoden

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow

NJP Festival

Vereenzelt Artiste vum Festival Nancy Jazz Pulsations sinn ze héieren, dorënner confirméiert Artisten an och interessant Decouverten!
headphones

56 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

56 min

play_arrow

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder