Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Paprika

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Summertime

Summertime

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

D’Hollänner vun Donna Blue stinn op Indie-Pop, Sixties Yè Yè, Filmer vum Lynch an op Hollywood Romantik, erfrëschend smooth!
Déi dänesch Jazzsängerin Nana Rashid erfuerscht vill Genren, eng Decouverte fir déi, déi si nach net kennen.
Dem David Crosby säi leschten Album ass “For Free” iwwerschriwwen a koum am Juli 2021 eraus. Mir lauschteren haut "Rodriguez for a Night,” e Stéck, dat vum Donald Fagen geschriwwe gouf, an de Steely Dan Sound spréngt an d’Ouer.

Diamond Life ass den Debutalbum vu Shade, e Klassiker aus dem Summer vum Joer 1984.
“She Makes President” vun der Schwäizerin Sophie Hunger ass e Lidd, dat sech orientéiert huet un engem Bericht iwwer den Afloss vun de Fraen op déi amerikanesche Presidentewal. Interessant Theema och haut nach ëmmer.
Decouverte vun dëser Woch ass den vun der Hiphop-Generatioun gefeierten Jazzsänger José James.

Playlist:
1. Donna Blue - Mains De L’amour - Into the Realm of Love
2. The Coral - North Wind - Sea Of Mirrors
3. Martina Topley Bird - Baby Blue - Some Place Simple
4. Nana Rashid - Poor Blue Betty - Music for Betty
5. David Crosby - Rodriguez For A Night - For Free
6. Drugdealer - Pictures of You (feat. Kate Bollinger) - Hiding in Plain Sight
7. Khruangbin - So We Won't Forget - Mordechai
8. Sade - Why Can't We Live Together - Diamond Life
9. Future Islands - Like the Moon - Singles
10. Sophie Hunger - She Makes President - Molecules
11. José James - The Healer (feat. Ebban Dorsey) - On & On
12. Steven Wilson – Eminent Sleaze - The Future Bites
13. The Heavy - Short Change Hero - The House That Dirt Built
14. Raphael Saadiq - Good Man - Stone Rollin'
15. Thomas Dybdahl - There's No One Else On Earth - Teenage Astronauts

Musek
Rock a Pop

Episoden

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow