Radioen

On air

Notturno  |  Shirley Hurt - Charioteer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

"De Physik-Nobelpräis hätt sollen un d'EU goen"

Chercheuren, déi iwwer d'Schwaarzt Lach gefuerscht hu, kruten en Nobelpräis. Mee och den EU-Rechtsstaat "à géométrie variable" hätt eng Auszeechnung verdéngt, fënnt den Olivier Hanrion.

Europa Aktuell: Ambitiéisen Zäitplang

Däitschland viséiert ee politeschen Accord iwwert déi ëmstridde Reform vum europäeschen Asylsystem bis Enn des Joers un. Dat ass ambitiéis.

Paritéit bei de Payen: Et ass nach net fir muer!

An der EU verdéngen Fraen an der Moyenne baal 15 Prozent manner ewéi Männer. Gewerkschafte fuerderen verbindlech Regelen, fir dogéint virzegoen.

Europa-Interview

D'EU soll méi determinéiert géintiwwer dem ungaresche Premier Orban optrieden, fënnt d'Katarina Barley, Europadeputéiert a fréier däitsch Justizministerin.

Europaparlament: Mir si prett virun ze verhandelen

D'Positioun tëscht dem Europaparlament an de Memberlänner iwwert den EU-Budget leien nach ëmmer auseneen. Dat huet een Debat gëschter am Parlament gewisen.

Lëtzebuerg erëm vun Daitschland als Risikogebiet déclaréiert

D'EU huet nach ëmmer keng eenheetlech Reegelung fir d'Ausweisen vu Corona-Risikogebitter. Enn September ass Lëtzebuerg fir di zweete Kéier vun Däitschland als Risikogebitt aklasséiert ginn.

Am Sprint op den europäesche Parquet

Kuerz nodeems déi nei belsch Regierung vereedegt gouf, war de Premier Alexander De Croo schonn um EU-Sommet vun de Staats- a Regierungschefen dobäi.

EU gëtt sech eens iwwert Belarus-Sanktiounen

No wochelaangen Diskussiounen ass sech d'EU gëscht awer iwwer Sanktiounen géint Persounen, déi responsabel sinn fir d'Gewalt an de Wahlbedruch a Belarus.

EU a Rechtstaat: De Sträit eskaléiert

D'EU Kommissioun huet eklatant Verstéiss géint de Rechtstaat a verschiddenen EU-Länner dokumentéiert. De Sträit riskéiert ze eskaléieren.

EU-Migratiounspolitik a Grondrechter: Reform bréngt keng Verbesserung

Hält sech déi europäesch Migratiounspolitik un d'Prinzipie vum Rechtsstaat? Interview mat den Droits-Professeren Jörg Gerkrath an Stefan Braum.

Télétravail: Recht op Ofschalten europäesch garantéieren

Wéinst vill méi Télétravail: D'Europaparlament hätt gären, datt d'Recht op d'Déconnexioun op europäeschem Niveau garantéiert gëtt.

Klimaschutz: Theorie vs Praxis

Op EU Niveau ass d'Klimazil kloer gesat. Ma wat an der Theorie einfach kléngt ass an der Praxis méi schwiereg. Dat weisen déi aktuell Diskussioune ronderëm en neit Wandrad zu Bierden an der

Gëtt et wierklech Solidaritéit an der EU-Migratiounspolitik?

De Sandro Calderon ass optimistesch: D'EU wëll an der Flüchtlingspolitik op Solidaritéit setzen. Mee den RTBF-Chroniqueur ass trotzdeem skeptesch ob et geléngt.

EU-Migratiounspak: Gemëschte Reaktiounen

D'Diskussioun iwwert d'Reform vun der europäescher Migratiouns- an Asylpolitik ass am gaangen. Schaarf Kritik gouf et schon aus Osteuropa.

Reform vum europäeschen Asylsystem: Wat gëtt genee proposéiert?

Gëschter huet d'EU-Kommissioun eng Propose fir eng Reform vum System gemaach. Eng Quot ass doran net virgesinn. Kann de jorelaange Sträit an der EU bäigeluecht ginn?

Europa-Interview: Erik Marquardt iwwer d'Situatioun op Lesbos

D'Situatioun am neie Flüchtlingscamp op Lesbos ass méi schlëmm wéi déi virdrun am Moria-Camp, seet den Europadeputéierten Erik Marquardt.

D'lëtzebuergesch Äntwert op den internationalen Nilgäns-Problem

D'Nilgäns verbreet sech zanter Joren an de Lëtzebuerger Gewässer. Een Aktiounsplang gëtt an den nächsten dräi Woche finaliséiert.

D'EU an d'Reaktioun op d'Corona-Pandemie

Wéi muss d'EU kuerz- a mëttelfristeg op d'Entwécklungen an der Corona-Pandemie reagéieren? Dat war e Sujet e Samschdeg (18.9.) a Riicht eraus.

EU-Klimaziler: Ze vill oder net genuch?

D'EU wëllt d'Klimaziler verschäerfen: Bis 2030 solle 55 Prozent CO2-Emissiounen agespuert ginn. Ze vill soen, déi eng; net genuch, déi aner.

Ried zur Lag vun der Unioun: Waarm Grompere ginn net ugepaakt

D'Ursula von der Leyen huet an hirer éischter Ried zur Lag vun der Unioun grouss Visioune beschriwwen, awer net vill Konkretes geliwwert.