Radioen

On air

Concert  |  Op Staatsvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

Méi onofhängeg duerch europäesch Supercomputeren

D'EU wëll méi onofhängeg vum Ausland ginn, wann et em den Asaz vu Super-Computeren geet. Dofir soll een europäesche Réseau opgebaut ginn.
headphones

5 min

play_arrow

EU huet Schwieregkeete Beamten ze fannen

Dat europäescht Amt fir d'Personal ze rekrutéire sollt sech méi op Experte fokusséieren, méi séier astellen a misst eng méi flexibel Institutioun gi seet d'Annemie Turtelboom.
headphones

4 min

play_arrow

Europa Aktuell

Dës Woch geet den Olivier Hanrion vun der RTBF a senger Europachronik iwwer den Atlantik kucken a beliicht d'US-Walen an hiren Impakt op Europa.
headphones

4 min

play_arrow

D'Pandemie-Gestioun bleift eng national Fro

Bis ewell gesäit et net duerno aus, wéi wann déi zweet Well zu méi europäescher Koordinatioun géif féieren, seet de Sandro Calderon vun der RTBF.

2. Well: méi differenzéiert Approche zum Zoumache vun de Grenzen

D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn de Point gemaach iwwert déi zweet Well vun der Pandemie. Ass nees domat ze rechnen, datt d'Grenzen zouginn?

Europäesche Mindestloun: "Viru Geriicht goen ass net geplangt"

Eng Direktiv fir een Europäesche Mindestloun: Ee Projet, bei deem d'Kommissioun sech an engem enke legale Kader beweegt, an deen dowéinst seng Limitten huet.

Europa-Interview: Evelyn Regner

D'Presidentin vun der Fraerechtskommissioun am EU-Parlament, d'Evelyn Regner, reagéiert op d'Urteel vum polnesche Verfassungsgeriicht iwwer d'Ofdreiwungsgesetz.

Virverträg mat Impfstoffhiersteller

D'EU-Kommissioun huet Kontrakter mat Hiersteller vun Impfstoffer ofgeschloss. Am Europaparlament mécht ee sech Suergen iwwer d'Transparenz vun deenen Accorden.

Findel: Gepäckkontroll no neien EU-Krittären

D'Kontroll vun de Gepäckstécker ass eng vun de wichtegste Sécherheets-Aufgabe vu Flughäfen. Um Findel ass dee Security check neierdéngs méi performant, wéi bis elo.

Wéi reagéiert d'EU op d'Hausse vun de Corona-Zuelen?

An der ganzer EU klëmmt d'Zuel vun den Nei-Infektiounen mam Coronavirus. Wéi gëtt an den eenzelen EU-Länner a wéi gëtt zu Bréissel dorop reagéiert?

Den Handel mat Päss oder Visaen

D'EU brauch Reegelen déi verhënneren, datt Länner Geschäfter mat gëllene Päss oder Visae kënne maachen, fannen eng Partie Europaparlamentarier.

Tilly Metz am Gespréich

D'Europaparlament an d'Memberlänner si sech net eens iwwer déi europäesch Agrarreform. Mir hu mat der Europadeputéiert vun deene Grénge geschwat.

Covid-19 als Katalysator fir méi propper Loft?

De Confinement huet deels zu enger méi propperer Loft geféiert. Ëmweltaktivisten hoffen, datt d'Pandemie dozou bäidréit, datt EU-Direktive verbessert ginn.

Vill Kritik um Projet de loi fir kollektiv Recoursen

Dat esou wuel vum Konsumenteschutz a vum Patronatsverband UEL, wéi och vum Conseil de la Concurrence. Dobäi ass eng europäesch Direktiv ënnerwee.

Les coulisses de l'Europe

Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kënnt op den EU-Sommet zeréck. Do stoungen déi zukünfteg Bezéiungen tëschent der EU a Groussbritannien um Programm.

Haarde Coup fir d'Stad Stroossbuerg

D'Europaparlament huet decidéiert, déi nächst Woch net op Stroossbuerg ze goen. Zanter aacht Méint war keen EU-Parlamentarier méi do.

Gréng, orange, rout: neien EU-System fir Risikogebidder auszeweisen

En neie System soll fir Uerdnung suergen am europäesche Chaos vu Risikogebidder. Mee Lëtzebuerg ass net zefridden domat.

Europa-Interview: Christophe Hansen

Wat ass europapolitesch zur Ried vun der Lag vun der Natioun ze soen? Dat froe mir den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.

Corona mécht regional Ënnerscheeder méi grouss

D'Corona-Pandemie huet d'Regiounen an der EU ganz ënnerscheedlech getraff. En neien regionalen Eurobarometer liwwert Detailer doriwwer.

Regioun Oberes Moseltal: "Hei kann een Europa spieren"

Reportage vun der Musel: D'Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Däitschland kritt neie Schwong mam Entwécklungskonzept Oberes Moseltal a sengem neie Regionalmanager.