Radioen

On air

B-Radio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

Europa Aktuell

Déi 12 Europadeputéiert vun der ungarescher Fidesz-Partei sinn aus der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei ausgetrueden. D'Kapitel ass awer nach net ofgeschloss.

EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren

EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren. Den Text gesäit Contrainten fir, d'Inegalitéiten tëscht Männer a Fraen opzehiewen.

EU-Kommissioun wëll Propose fir grénge Covid-Impfpass op den Dësch leën

EU-Kommissioun wëll bis den 17te Mäerz eng Propose fir ee gréngen Covid-Impfpass machen. Eng Woch drop soll um EU-Sommet driwwer geschwat ginn.

Post-Brexit "frictionless trade": an der Realitéit eng Fictioun

Zënter dem eischte Januar gëtt et tëschtent Groussbritannien an der EU kee gemeinsamen Bannemarché méi. Wéi spillt sech dësst an der Praxis aus?

Virtuell Covid- Sommeten, a keen Enn

Zanter engem Joer spille sech wichteg politesche Rendez-vousen a virtuelle Raim of, dorënner d'EU-Sommeten. Den Olivier Hanrion vun der RTBF kommentéiert.

Esch2022: Eréischt e Brochdeel vun de Kontrakter ënnerschriwwen

A manner wéi engem Joer ass Esch Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Mee et si bis ewell just 20 vun den 132 Konventioune fir d'Kulturprojeten ënnerschriwwen.

EU-Sommet: Ee weidere Versuch, Rees-Restriktiounen ze koordinéieren

Um EU-Sommet maachen d'Länner haut nees de Point iwwer hir Mesuren an der Corona-Pandemie. D'EU-Kommissioun hält verschiddener fir net ubruecht.

EU-Impf-Certificat oder en Impfpass fir ze reesen

Solle Leit, déi géint Corona geimpft sinn, bestëmmte Rechter kréien? Et gëtt un engem eenheetleche EU-Certificat geschafft, verschidde Länner si scho méi wäit wéi anerer.

EU bréngt nei Sanktioune géint Russland op de Wee

D'EU setzt fir d'éischte Kéier hire neie Mënschrechts-Saktiouns-Regimm an - géint Persounen, déi responsabel si fir d'Inhaftéierung vum Alexej Nawalny.

Drénkwaasser-Direktiv: "D'Hausaufgabe scho gemaach"

Zanter méi wei zwee Méint gëllt déi nei Drénkwaasserdirektiv a bréngt eng Rei Erneierungen, dorënner och sécheren Zougang zum Drénkwaasser.

Astronaute gesicht

2030 wëllt déi Europäesch Weltraum-Agence ESA eng Moundmissioun realiséieren.

Staat verkeeft seng Paul Wurth Participatioun

De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng 40 Prozent Participatioun un der Lëtzebuerger Traditiounsentreprise. D'Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg sollen awer ofgeséchert sinn.

Strukturelle Rassismus: Theema an de Lëtzebuerger Medien ukomm

De Mount Februar gëllt am anglo-amerikanesche Raum mëttlerweil als Black History Month. Zu Lëtzebuerg gëtt sech och weider mam Sujet Rassismus auserneegesat.

De Mario Draghi als "homme providentiel"

Italien huet zanter dräi Woche keng Regierung, mee et gëtt Hoffnung zanter de Mario Draghi den Optrag huet eng nei Ekipp zesummenzestellen.

Lescht Sendung fir Klubrádió?

E Sonndeg wäert deen éischten Independant-Radio an Ungarn viraussiichtlech fir d'lescht op Sendung goen - ganz onfräiwëlleg.

Nom Brexit: Brittesch Kënschtler soen, si goufe falegeloss

Grouss Stare bekloe sech, datt déi brittesch Regierung d'Kënschtler beim Brexit falegelooss huet, Et gëtt komplizéiert fir an der EU opzetrieden.

Europa Interview: Reinhard Bütikofer

Et gëtt Kritik um EU-Chefdiplomat Josep Borrell no senger Visitt zu Moskau. E Gespréich mam Europadeputéierten a Member an der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament

Arees-Restriktiounen an den Nopeschlänner

D'Mutatioune vum Coronavirus bréngen nei Arees-Restriktioune mat sech. Wéi eng sinn dat, a wéi en Impakt hunn d'Corona-Mesuren op d'Leit, déi no un der Grenz wunnen?

Kritik un der Ursula von der Leyen

D'EU-Kommissiounspresidentin steet wéinst der EU-Impfsstrategie ënner Beschoss. De RTBF-Chroniker Olivier Hanrion geet dorop an.

Europäesch Solidaritéit huet vill Gesiichter

Huet d'EU alles richteg gemach an der Corona-Pandemie? A wéi steet et wierklech mat der Europäescher Solidaritéit? Doriwwer gouf op engem Webinar diskutéiert.