"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft".
Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt.
Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.
arrow_back_ios
Kultur
"Operette ist die ultimative Leidenschaft”
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

D'Finaliste vum Internationale Klarinette-Concours sti fest!
Aus 80 Kandidatinnen a Kandidaten déi sech bei der Editioun 2025 gemellt haten, goufen elo 15 Talenter fir d'Halleffinall gesicht. Um Enn bleiwe just nach 3 iwwreg, déi dëse Freideg an der Finall am Cube521 zu Maarnech untrieden.

Carla Lucarelli - Salztage + zurück
D'Gedichtband, dat bei Editions Phi erauskoum ass, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.
Louve
E Manga vun der Miyako Miiya, bei deem een a verschiddene Kuerzgeschichten d'Gesëschter Ur a Juf begleet.

Een Abléck an d'Iddie vum Internationale Klarinette-Concours
De Max Mausen ass dëst Joer den Directeur artistique vum internationale Klarinette-Concours 2025 zu Maarnech. Hëllef kritt hien ënner anerem vun der Jurypresidentin Laura Ruiz Ferreres.

Shortlëscht vum Prix Servais: “Doswidanja Genosse" vun der Margret Steckel
Op der Shortlëscht vum Prix Servais fënnt ee mam Tomas Bjornstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen.

Bert Theis: pour une philosophie collagiste
Eng nei Perspektiv op dem Bert Theis säi kënschtlerescht Ierwen

Den Cello am 21. Joerhonnert
Dee belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle spillt eng Stonn Musek fir Solo Cello vu 6 verschiddene Komponisten an der Kierch vu Biekerech.

Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée
D’Pueri Cantores aus dem Stater Conservatoire gi vum 8. bis 17. Abrëll op Tournée a Japan. Véier Statioune stinn um Plang: Hiroshima, Osaka, Kyoto an Tokio.

"Déi nei Generatioun am Iran huet ee méi direkt Bild vun der Realitéit wéi hir Elteren"
Interview mam iranesche Cineast Mohammad Rasoulof iwwer säin neie Film "The Seed of the Sacred Fig".

De Yann Gengler geet Solo - Sunny Gloom Debut Single
De Museker Yann Gengler ass Deel vun der beléifter Indie-Band TUYS, mécht Videoe fir seng an aner Gruppen a start dëst Joer säi méi réie Soloprojet, Sunny Gloom. Ee Live-Gespréich iwwer Toun, Bild an Hitt.

Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.

Opéra'tion Séduction
Déi jonk lëtzebuergesch-italieenesch Dirigentin Camilla Rossetti iwwerhëlt d'Leedung vum OCL an engem Owend gefëllt mat Operenarien.

Max-Dauphin-Expo fir d'Erënnerung un de Kënschtler lieweg ze halen
D'Catherine Dauphin-Decker op der Sich no Konschtwierker vum Max Dauphin

Tortoise: For Mango and Teal
D'Catherine Kontz huet eng nei Kompositioun geschriwwe fir den Internationale Klarinetteconcours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival den 11. Abrëll 2025. Am Fokus stinn der Komponistin hir zwou Schildkröten.

Teaser: Hommage un de Pierre Joris
En Hommage un den Nomad vun der Literatur – un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Pierre Joris, deen de 27. Februar ze New York gestuerwen ass.

Kristine Bilkau: Halbinsel
D'Gewënnerbuch vum Präis vun der Leipziger Buchmesse
The Spy
Dës Serie erzielt d'Geschicht vum Mossad-Spioun Eli Cohen, gespillt vum Sacha Baron Cohen.

La mort viendra ...
E Gespréich mam däitsche Filmregisseur Christoph Hochhäusler
