Déi gutt Noriicht
Olympia: Eng Flam aus Luucht a Waasser
3 min
Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den Olympesche Spiller brennt d’Flam ouni fossille Brennstoff. Deemno brennt kee Feier, mee eng spektakulär Illusioun iwwer Paräis: 100 Prozent aus Waasser a Luucht.
D’Organisateuren hu fir Paräis 2024 op Nohaltegkeet gesat. Donieft sollt och als Hommage un d’Bridder Montgolfier geduecht ginn. Den Designer Mathieu Lehanneur krut deemno den Optrag, d’Fakel, déi Olympesch Feierschuel an de Ballon ze erfannen an ze konzipéieren.
Déi hell olympesch Luucht, déi nuets an engem Flameréng a 60 Meter héicht iwwer Paräis schwieft, ass a Wierklechkeet ee grelle Stral Luucht, deen op eng Waasserwollek projezéiert gëtt.
Iwweregens sinn d’Fakel, mee och d’Olypiaréng um Eiffeltuerm an de Logo vun de Paralympesche Spiller aus recycléiertem Stol vun Arcelor Mittal produzéiert.