Et ass déi eenzeg heemesch Planz déi mat hire Wuerzele kann an d’Luucht klammen, esou dat een si kann horizontal ewéi vertikal asetzen. Si ass iwwert d’ganzt Joer gréng an och eng vun de wéinege Planzen déi am Hierscht bléit wat wichteg vir vill Insekten an Déieren ass. D’Wantergréng, besser ënnert dem Numm Efeu bekannt, mécht keng Aarbecht, gëtt et a villen verschiddenen Zorten an hält sech immens laang. Explikatioune mat der Hobby Gäertnerin Dana Keup.
arrow_back_ios
Biotop
Efeu, e staarke Wuerzelkletterer
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Invasiv Neophyten - E Problem fir eis an d’Natur
Verschidden net einheimesch Planze kënne grousse Schued aneiser Natur uriichten. Dofir ass et wichteg, op déi Planzen am Gaart ze verzichten a sech fir einheimesch Alternativen ze entscheeden.

Naturerliefnisräim - eng gréng Oas fir all Alter
Wärend fréier d’Kanner op der Gewan gespillt hunn, verbrénge si haut déi meeschten Zäit an engem urbaniséierten Ëmfeld. Wat kann dat fir Problemer mat sech bréngen a wéi kënne Naturerliefnisräim eng Léisung sinn?

Bongerten - méi wéi nëmme Beem
Wousst Dir schonn, datt Bongerten d’Aartevillfalt fërderen an d’Klima schützen? Dës Kulturlandschafte bidde wäit méi wéi nëmme frëscht Uebst. Den Naturschutzzentrum A Wiewesch gëtt en Abléck.

Besser uséien oder léiwer fäerdege “Rollrase” leeën?
Wéi aarbechtsintensiv sinn déi zwou Varianten?

ReStruktur an nationalen Dag vum Bam
ReStruktur an den nationalen Dag vum Bam sinn zwee Projete mam Ziel d’ökologesch Strukturen an der Landschaft ze verbesseren.

Honnertjäreg a fit
Wéi Gaardenaarbecht an den eegenen Uebst- a Geméisubau dozou bäidroe kann

Landwirtschaft a Naturschutz, geet dat?
Eis oppe Kulturlandschaft ass eréischt duerch d’Aarbecht vum Mënsch entstanen, well hie säit Joerdausenden de Buedem urbar gemaach a Liewensmëttel produzéiert huet.

D'Virstellung vun der Administration de la nature et des forêts ANF
Et geet drëms engem breede Publikum d'Wäertschätzung vun der Natur an e bewossten Ëmgang mat den natierleche Ressourcen ze vermëttelen.

"Hondskéipercher” an der Natur
Hondskéip an hiren negativen Impakt op eis Ëmwelt, méi konkret op de Mënsch, aner Déieren an d’Natur

Aktioun Kaweechelchen
Kaweechelcher si leider ëmmer grousse Geforen am Stroosseverkéier ausgesat. Dofir huet natur&ëmwelt eng nei Aktioun an d’Liewe geruff.

Den Distelfalter - e Päiperlek op Rekord-Wanderung
Déi faszinant Geschicht vum Päiperlek a firwat mir e schütze mussen.

Nohaltegkeet am Gaart
Ausser op Pestizide verzichte gëtt et nach vill Méiglechkeeten nohalteg am eegene Gaart ze schaffen.

Päiperleksmonitoring an Insektesummer
Insekte spillen an eisem Ökosystem eng wichteg Roll, allerdéngs wësse mir ëmmer nach net genuch iwwer dës Déieregrupp. De Monitoring soll dat änneren.

Wäibau an Naturschutz
Firwat sinn déi traditionell Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg, a wat kënnen d’Wënzer fir d’Bestëbser maachen? Firwat ass Villfalt wichteg fir d’Resilienz vun de Wéngerten?

Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen
De Projet "Gedankefloss“ proposéiert philosophesch Ronnen ze organiséieren, fir zesummen iwwer Ëmweltfroen nozedenken an nohalteg Léisungen ze fannen.

D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen
Eng divers Natur an de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie fléisst hei zesummen.

Seejomessen a Schleeken am Gaart
En natierlechen Botzdéngscht am Gaart

Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung
Siwen einheimesch Muschelaarte ginn et zu Lëtzebuerg.

Verschwannen d'Bestëbser?
Zanter Jore gëtt ee staarke Réckgang vun de Bestëbser-Insekten observéiert. Dat huet e puer Grënn: d’Flächeversigelung, den Asaz vu Pestiziden an d’Verschwanne vun den natierlechen Narungsquellen a Liewensraim vun de Wëllbeien oder Päiperleken.
