An de leschte Jore goufen HiPro-Produkter ëmmer méi present an eise Supermarché-Regaler. Vun HiPro-Joghurt a Mëllech iwwer Brout bis zu klenge Knabbereien - d’Auswiel ass mëttlerweil enorm. Se ginn als modern, gesond a sportlech Alternativ zu traditionelle Liewensmëttelen ugebueden a verspriechen net nëmme méi Eewäiss, mee och Virdeeler wéi bessere Muskelopbau, sech méi laang sat ze spieren a souguer eng méi gesond Ernärung.
D’Nofro no Produkter, an deene vill Proteinnen dra sinn, ass net zoufälleg: Fitness-Influencer, Fitness-Coachen a Liewensmëttelindustrie hunn den Trend opgegraff a vermëttelen d’Iddi, datt méi Eewäiss automatesch besser ass. Mee ass dat wierklech esou? Wat stécht hanner dësem Boom a wéi sënnvoll sinn dës Produiten tatsächlech? Ass den héije Präis gerechtfäerdegt oder ass et just eng clever Marketingstrategie. Explikatioune mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin