arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Animal Health Law / Loi Santé Animale
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

De Ministère fir Landwirtschaft, Alimentatioun a Wäibau ass ënner anerem zoustänneg fir d’Iwwerwaachen an d’Bekämpfung vun den Déierekrankheeten an dat esouwuel vun den Haus-, Notz- a wëllen Déieren.
Dat ausféierend Organ fir déi Missiounen ass d’ALVA (Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttel Verwaltung)
"Et ass ze bemierken, datt 75 Prozent vun den infektiéise Krankheete beim Mënsch hiren Ursprong beim Déier hunn, wéi z. B. SIDA, Covid-1".
2024 ware verschidden Déierekrankheeten en Theema an der Press, sief dat op nationalem oder internationalem Niveau. De Felix Wildschutz, Direkter vun der ALVA, erkläert, wat dat fir Krankheete sinn, a wéi en Impakt se op Mënsch an Déier hunn.
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

"From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!
Offall, dee bei der Virbereedung vu Geméis an Uebst entsteet, kann dacks fir nei Menüe benotzt ginn, mir soen iech wéi.

Planetary Health Diet
Iesse fir ee gesonde Planéit

Vun Äerdbier bis Hambier
D'Bieren: Ënnerschätzt regionaalt Superfood

Den Hype ëm Supplementen, Narungsergänzungsmëttelen
Hype oder Noutwendegkeet? Den Aktuelle Stand vun der Närstoffergänzung fir d'Allgemengheet

D'Ouverture vun der École du Goût
Laang gouf geschafft a renovéiert an haut (3.5.) ass et endlech souwäit.

D'Saison vun de Spargelen
Aspargus: Vill Mineralstoffer a vill Kalzium, elo ass Spargelen-Zäit, an et lount sech vun der Saison ze profitéieren.

Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung
Vun Omega3, Eisen, Iod, Vitamin B12, B2 an D, Kalzium, Selen an Zénk

Chronobiologie, Schlof an Ernärung
So mir wat s du ëss, an ech soen dir, wéi s du schléifs!

Eng gesond Daarmflora
Daarm-Mikrobiot a Gesondheet. Afloss vun der Ernärung op d'Qualitéit vun eiser Daarmflora

SICONA: De Projet Natur genéissen an de Maisons-relaisen
De Projet Natur genéissen ënnerstëtzt regional, bio a fair Produite fir eng méi gesond a nohalteg Ernärung vun de Kanner an de Maison-relaisen

Proteinnen an der vegetarescher a veganer Ernärung
Kann ee ganz ouni Fleeschproduite gesond liewen, a wéi wichteg si Proteinne fir Vegetarier:innen a Veganer:innen?

Faaschte-Methoden am Verglach
Wärend dem Faaschte geschéien e puer intressant Verännerungen am Kierper.

Iwwergewiicht verhënneren: op wat gëllt et opzepassen
De 4. Mäerz war de internationalen Dag vun der Obesitéit. Weltwäit sinn 800 Millioune Mënschen iwwergewiichteg.

Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner
D'Angscht bei Kanner nei Liewesmëttelen ze entdecken oder ze schmaachen.

Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika
Diététique an engem südafrikaneschen Kannerhospiz (Lambano Hospiz)

Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext
Du bass, wat's de ëss!

Leguminosen, nohalteg a gesond
Lënsen, Kicherierbessen a Soja bis bei selwer gemaachte Mayonnaise mat Bounen an ouni Eeër, alles dat kënnt haut bei eis op den Dësch.

Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner
Bis zwee Joer beim Kand ass de perfekten Zäitpunkt fir déi sensibel Geschmaachsentwécklung vun de Kanner ze fërderen.

Reizdarmsyndrom
Eng funktionell Verdauungskrankheet, weltwäit sinn tëschent 7-15 Prozent vun der Bevëlkerung betraff.
