Aktuelles
Den Donald Trump kënnt zu Miami virun de Riichter
5 min
Dee fréieren amerikanesche President Donald Trump kënnt haut (13.6.) zu Miami, a Florida, virun de Riichter. Et ass säin éischten Optrëtt am Geriicht am Fall vum Zeréckbehale vu geheimen Dokumenter nom Enn vu senger Presidence. Den Trump ass dowéinst op 37 Punkten ugeklot. D'Procureure geheien dem Donald Trump vir streng geheim Dokumenter mat Detailer vum amerikaneschen Nuklearprogramm, zum Beispill, a senge Privat-Clibb verstaut ze hunn a se wëlle virun Enquêteure verstoppen ze wëllen.
Den Trump huet seng Supporter opgeruff géint d'Ukloe virum Geriichtsgebai zu Miami ze manifestéieren.
Episoden
Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen
Den Observatoire fir Klimapolitik fënnt, datt eng CO2-Tax vu 45 Euro pro Tonn - wéi vum nationale Klima- an Energie-Plang virgesinn - net héich genuch ass.
Zougang zum Bësch gëtt legaliséiert
Dat neit Bëschgesetz legaliséiert elo iwwer en neie Kader, datt d'Bierger an de Bësch kënne spadséiere goen a vun do kleng Saache mat Heem bréngen.
Zougang zum Bësch gëtt legaliséiert
Dat neit Bëschgesetz legaliséiert elo iwwer en neie Kader, datt d'Bierger an de Bësch kënne spadséiere goen a vun do kleng Saache mat Heem bréngen.
Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"
Fir d'Energietransitioun virunzedreiwe soll verstäerkt op Solaranlage gesat ginn: eng Rei Regierungsabsichte sinn awer nach net ofgeschloss.
Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"
Fir d'Energietransitioun virunzedreiwe soll verstäerkt op Solaranlage gesat ginn: eng Rei Regierungsabsichte sinn awer nach net ofgeschloss.

Jean-Louis Zeien: "Mënscherechter anhalen ass kee Spill"
D'Interesse vun der Ekonomie stéinge leider ëmmer virun de Mënscherechtsfroen, bedauert de Vertrieder vun der Initiativ mat 17 NGOen.
