arrow_back_ios
Aktuelles
François Bausch: "Risemoderniséierung" vu Pëtrols-Infrastrukturen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Et gëtt konkret mam Bau vun neie Pëtrols-Infrastrukturen um Findel. Um Findel soll an den nächste Joren eng nei sougenannten "Fuel farm" entstoen, an et sollen Adaptatiounen un der NATO-Pipeline gemaach ginn. D'Reserve-Capacitéit fir Fliger-Bensinn um Findel soll däitlech vergréissert ginn. D'Regierung huet scho gréng Luucht fir dëse Projet ginn. De Minister François Bausch schwätzt vun enger "Rise-Moderniséierung", déi bal 86 Milliounen Euro soll kaschten.
Episoden
Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen
Den Observatoire fir Klimapolitik fënnt, datt eng CO2-Tax vu 45 Euro pro Tonn - wéi vum nationale Klima- an Energie-Plang virgesinn - net héich genuch ass.
Zougang zum Bësch gëtt legaliséiert
Dat neit Bëschgesetz legaliséiert elo iwwer en neie Kader, datt d'Bierger an de Bësch kënne spadséiere goen a vun do kleng Saache mat Heem bréngen.
Zougang zum Bësch gëtt legaliséiert
Dat neit Bëschgesetz legaliséiert elo iwwer en neie Kader, datt d'Bierger an de Bësch kënne spadséiere goen a vun do kleng Saache mat Heem bréngen.
Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"
Fir d'Energietransitioun virunzedreiwe soll verstäerkt op Solaranlage gesat ginn: eng Rei Regierungsabsichte sinn awer nach net ofgeschloss.
Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"
Fir d'Energietransitioun virunzedreiwe soll verstäerkt op Solaranlage gesat ginn: eng Rei Regierungsabsichte sinn awer nach net ofgeschloss.

Jean-Louis Zeien: "Mënscherechter anhalen ass kee Spill"
D'Interesse vun der Ekonomie stéinge leider ëmmer virun de Mënscherechtsfroen, bedauert de Vertrieder vun der Initiativ mat 17 NGOen.
