Déjà Vu
Suede - Suede (1993)
11 min
The Smiths, T. Rex an den David Bowie zielen zu de grousse Virbiller vun der brittescher Band Suede. Déi Influenzen huet d'Formatioun ronderëm de Frontmann Brett Anderson a Gittarist Bernard Butler mat enger Portioun Däischtert an Dramatik vermëscht an domat Ufank der Nonzeger e richtegen Hype ausgeléist. Hiren éischten Album "Suede" aus dem Joer 1993 huet sech esou gutt verkaaft wéi keen aneren Debut zënter engem Joerzéngt. Grond genuch fir d'Claudine Muno sech déi Plack fir eisen Déjà-Vu nach eemol ganz genee unzelauschteren.