Am Fong
Formatioun Multiplicateuren: Fir d'Gemengewale sensibiliséieren
55 min
2023 ass e Waljoer ... direkt zwee Mol ginn d'Bierger wielen: Gemengewalen a Parlamentswalen. Bei de Gemengewalen dierfen och Persoune wielen, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Dowéinst huet de Centre d'Etude et de Formation Interculturelles et Sociales, ASBL (Cefis), Formatioune lancéiert, fir sougenannt Multiplicateure fir d'Gemengewalen auszebilden.
Dobäi geet et drëms, datt Privatleit oder Membere vun Associatiounen, Persounen, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn an zu Lëtzebuerg liewen, ze informéieren an ze motivéiere fir bei de Gemengewalen ze wielen.
Wéi genee geet dat? Wat sinn d'Krittäre fir Multiplicateur ze ginn? Wat ass déi Formatioun a wat bewierkt se?
D'Emissioun Am Fong geet deenen Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mam Sylvain Besch, Chargé d'études et de formation vum CEFIS.