Déjà Vu
Jimi Hendrix Experience - Axis: Bold As Love (1967)
10 min
Um Monterey Pop Festival 1967 huet den Jimi Hendrix zum Enn vum Conecert séng Gittar verbrannt, an domat d'Bild vu sénger Legend erschaf. Als Affer hätt hien säi Léiftstent zerstéiert, esou de Museker spéider. Séng Gittar brennt awer och op deenen Opnamen, déi tëscht enger Monster Tour a villen duerchzechten Nuechten momenterweis am Studio zustanekomm sinn, a sëch um zweeten Album vun der Jimi Hendrix Experience eremfannen. Manner schillernd wéi spéider op Electric Ladyland, méi ausgeraift wéi um Debut treffe mir de Virtuos hei an Transitioun, villaicht net bei sengem beschtem Album, mee op engem vu sengen interessanteste Momenter.