Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Moonalice kënnt vu San Francisco, den haarde Kär besteet aus engem Quartett ronderëm de Robert McNamee. D'Formatioun kann awer fir Concerten duerchaus op eng zéng Museker/innen erweidert ginn. Moonalice knäppt gären un den Jam-Genre aus den Enn 60er/ufanks 70er Joren un. Esou ziele si Grateful Dead an Jefferson Airplane zu hire Virbiller, dat zanter der Bandgrënnung 2007.

"Birdsong" ass dann och eng Kompositioun vun den zwee Dead-Museker Jerry Garcia a Robert Hunter, geschriwwen 1971 als Hommage un d'Janis Joplin. Op hirem Site moonalice.com kann een dëst Lidd - wéi aacht aner Singlen - gratis (!) eroflueden.

En anere Cover, "Time Has Come Today" - am Original vun den Chambers Brothers - ass déi bis ewell rezentst Publikatioun vun de Kalifornier. Hei stoung deen antëschent 79järege Lester Chambers mat am Studio.

D'Playlist:


Motörhead - Heroes (Motörizer, 2008)
Moonalice - Fair To Even Odds (Dave's Way Vol. 6, 2013)
Moses Guest - Wheel (Best Laid Plans, 2007)
Willard Grant Conspiracy - Soft Hand (Regard The End, 2003)
Television - Ain't That Nothing (Adventure, 1978)
The Lemonheads - It's A Shame About Ray (It's A Shame About Ray, 1992)
The Band - The Weight live (The Last Waltz, 1978)
The Band - Such a Night live (The Last Waltz, 1978)
Moonalice - Bird Song (Time Has Come, 2020)
Moses Guest - Bird (Best Laid Plans, 2007)
The Rolling Stones - Sympathy For The Devil (Beggars Banquet, 1968)

Musek

Episoden

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow