Déjà Vu
Dusty Springfield - Stay Awhile/I Only Want To Be With You
8 min
Zeréck an de Juni vu virun 58 Joer, also an de Juni 1964: an dësem Mount gëtt an den USA den Numm vun enger deemools 25järeger Sängerin bekannt, dat mam Album "Stay Awhile/I Only Want To Be With You", hirem Debut. Hirem Debut an de States muss een awer preziséieren, well um englesche Maart koum dräi Méint virdrun mam Album "A Girl Called Dusty" de wierklechen Debut vum Dusty Springfield op de Maart ... an huet et do direkt bis uewen an d'Charts bruecht, bis op d'Positioun sechs: eng Leeschtung fir en Numm, dee bis dato kaum e Mënsch kannt huet.
De Fred Medernach huet eng Zäitrees ënnerholl.