Déjà Vu
The Beatles - Let It Be
11 min
Schonn ee Mount virun der Sortie vum musikaleschen Äddi hat de Paul McCartney d'Enn vun der Band per Pressecommuniqué matgedeelt. D'Opname sinn an ugespaanter Atmosphär verlaf, och well den engagéierte Produzent Glyn Johns seng Aarbecht net op en Enn geféiert huet an duerch de Phil Spector ersat gouf.
Lidder wéi den Titelsong, "Get Back", "The Long And Winding Road" an "Across The Universe" zielen haut zu de Beatles-Klassiker, eng etlech Kompositiounen op "Let It Be" kruten allerdéngs manner gutt Kriticken a sinn éischter an de Vergiess geroden.