arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Porgy and Bess
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Vill Sängerinnen a Sänger wollten d'Haaptrollen an der Oper "Porgy and Bess" net iwwerhuelen. Gläichzäiteg ass d'Geschicht, déi am Milieu vun engem Ghetto spillt, och beim Publikum op keng grouss Resonanz gestouss. Trotzdeem huet sech d'Oper zu engem vum Komponist George Gershwin senge gréisste Succèsen entwéckelt, wann och eréischt no sengem Doud.
De Luc Boentges werft e Bléck op dëst net ëmmer ganz onëmstriddent Wierk.
Musek