Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Foto: Christian Wilmes

Ice In My Eyes - New Romantic

"E Pop gedriwwent Hookline Krichschëff" - esou gëtt engem den neien "Ice In My Eyes" Album am Presse-Communiqué verkaf. Eng Beschreiwung déi sech beim lauschteren och iergendwéi verwierklecht. Mat Stuerm an Drang zitt de Quintett een zeréck an d'80er an invitéiert op eng ganz melodiés a maximalistesch Pop Experienz déi een net kal léisst. D'Band déi zanter 2012 ënnerwee ass hëllt déi kéier méi aus a gëtt hiren agängege Kompositioune méi Déift a méi Opulenz. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

  • Afterhours am Proffenzëmmer

    Mat "Jassbusters Two" kéiert de Connan Mockasin nees a säi verdreemte Mikrokosmos vun enger Proffeband zeréck. Easy Listening fir déi sënnlech Stonnen.

  • Richard Dawson & Circle - Henki

    En engleschen Troubadour trëfft op eng finnesch Metalband. D'Resultat ass e Fest vun der Musek.

  • Vanishing Twin - Ookii Gekkou

    Vanishing Twin sinn een hallef labberen Zesummeschloss aus Museker, déi sech zu London kennegeléiert hunn ...

  • Joan As Police Woman, Tony Allen, Dave Okumu - The Solution is Restless

    Der Joan Wasser hir nei Plack geet ënner d'Haut.

  • Hand Habits - Fun House

    Ënn Oktober koum den drëtte Longplayer "Fun House" vun Hand Habits eraus. Et ass e Volltreffer, net just fir d'Fans vum handgemaachten an éierlechen Indierock. 

  • Voka Gentle - WRITHING!

    De Konscht-Pop-Trio vu London verféiert op hirem neien Opus mat engem komesche Misch-Masch fir chaotesch Zäiten.

  • Helado Negro - Far In

    Deen neie Longplayer vum Amerikaner bréngt Liicht an d'Däischtert.

  • En eklekteschen Trip duerch d'Sphäre vun der Léift

    Ënner dem Pseudonym Princess Century huet déi kanadesch Musekerin Maya Postepski elo hiren drëtten Disk, "s u r r e n d e r" , erausbruecht, op deem si fir d'éischte Kéier och selwer séngt.

  • Suuns - The Witness

    Eisen Album vun der Woch kënnt des Woch vun der Band Suuns. Déi sinn zum Montreal doheem an hunn e ganz eegenen Album eraubruecht.

  • Ice In My Eyes - New Romantic

    Op hirem neien Album zitt de Lëtzebuerger Pop Quintett ee mat Stuerm an Drang zeréck an d'80er

  • Devin Hoff - Voices From the Empty Moor (Songs of Anne Briggs)

    D'Hobbymusikologin a Folksängerin Anne Briggs steet am Zentrum vum Bassist Devin Hoff senger neister Verëffentlechung.

  • Little Simz - Sometimes I Might Be Introvert

    D'Londoner Rapperin liwwert mat hirem véierten Album e Manifest fir Concious Rap aus Groussbritanien of.

  • Nite Jewel - No Sun

    Deen neien Album vun der kalifornesch Kënschtlerin ass d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotyppen an Traditiounen, awer och d'Ausernanersetzung mat hirem Divorce.

  • Possum - Lunar Gardens

    Stramm psychedelesch Rockmusek fir sech an aner Sphären ze lancéieren.

  • Snapped Ankles - Forest of Your Problems

    De Bandnumm Snapped Ankles mécht een e bësse mulmeg. Wie wëllt schonn e Fouss gestallt kréien?

 

Programm

  • Panorama

  • On air

    Noriichten

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen