De Sample vun der Woch

Bobby Bieles

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kennt den historeschen hindi Film "Taj Mahal" vun Mohammed Sadiq eraus. Den Film bleift ausserhalb vun Indien gréissten Deels onbekannt, mee huet als Bollywood Musical en groussen Succès. D'Musek gouf geschriwwen vum Roshan Lal Nagrath. Den geléierten Museker ass 1948 op Mumbai geplënnert fir Aarbecht an der Film Musek ze fannen. No enger Zäit gëtt hien den renomméiersten Film Musek Komponist vun senger Zäit. Säin Markenzeechen ass en Mix vun folkloristescher an klassescher indescher Musek. Am Musical "Taj Mahal" sinn di meescht Lidder vum Mohammed Rafi and Lata Mangeshkar interpretéiert, ausser am Lidd em dat et haut geet, an zwar "Chandhi Ka Badan" gesongen vum Meena Kapoor.

Am Joer 2002 bréngt den Erick Sermonn "React" als 1. Single vun sengem 5. Album eraus an benotzt genau dësen Sample. Den Beat ass vum Just Blaze komponéiert, an den Erick Sermon rappt hei zesummen mam Redman driwwer. Wat huet wuel dozou gefouert dass den Just Blaze sech en indeschen Bollywood Film vun 1963 vun 2h30 eranzitt, an no annerhallwer Stonn sech e bemol seet "Hey ech schneiden déi 4 Sekonnen Stemm mol eraus déi ech net verstinn, mixen et mat engem fetten Beat an loossen meng Homies driwwer rappen"? Dat ass warscheinlech ganz op dem Just Blaze säin Beatmaking-Genie zeréck ze féieren... Mee no enger Zäit ass erauskomm dass den Blaze den Soundtrack vun "Taj Mahal" gesampelt huet, an hien huet ugefaange vun der indescher Communautéit kritiséiert ze ginn. Firwat? Ma ganz einfach, di genau Iwwersetzung vum deem gesampelten Deel deen vun der Sängerin Meena Kapoor op indesch gesongen gouf (Kisi Ko Khudkushi ka shok ho tow uh huh kya kare) ass op Lëtzebuergesch iwwersat: "Wann iergendeen sech selwer well embréngen, wat kënnt Dir do maachen?". Vu que dass den Sermon jo keen indesch versteet, rappt hien dorops hin an sengem Lidd "Whatever she said, then I'm that", wat souvill heescht wéi "Egal wat hat gesot huet, ech sinn dat", dat huet et eigentlech nach méi schlëmm gemaach.

Um Endeffekt ass et awer déi erfollegräichst Single vum Erick Sermon zesummen mam Redman ginn, an ass nach ëmmer en bekannten Klassiker deen gär op Hip-Hop Partien gespillt gëtt...

Rezent Emissiounen

 

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen