Key to Classics
L'Histoire du Soldat
"L'Histoire du soldat marque ma rupture finale avec l'école orchestrale russe dans laquelle j'avais été élevé." , notéiert den Igor Strawinsky, dee mat sengem neie Wierk och stilistesch nei Weeër geet: ewech vun der grousser Orchestermusek bei eng kleng Besetzung - an dësem Fall véier Personnagen an ee klengen Instrumentalensembel. D'Geschicht vun der "Histoire du Soldat" ass natierlech am Kontext vum Éischte Weltkrich ze gesinn, dee bei ville Komponisten an hire Wierker seng Spueren hannerlooss huet.