Komponist:in vum Mount
Den Engelbert Humperdinck (1854-1921)
Et gi Komponisten, déi hu Pech a Gléck zugläich. Dem Engelbert Humperdinck seng Oper "Hänsel und Gretel" ass e Fluch an e Seege fir de Komponist, e risege Succès, deen allerdéngs all seng aner Wierker an de Schiet gestallt huet. Mee wéi war den Engelbert Humperdick, de Bewonnerer an Assistent vum Richard Wagner als Mënsch? Wat huet hien nach komponéiert, a wéi eng Stellung huet hien haut nach an der Musek?
De Manuel Ribeiro huet mam Musekswëssenschaftler Matthias Corvin geschwat, deen eng Biographie iwwer de Komponist erausginn huet.