Key to Classics
Meeschter an alle Stilen
"Ich lebe weder in der Vergangenheit noch in der Zukunft: ich bin in der Gegenwart.", sot den Igor Strawinsky iwwer sech selwer. An awer - oder grad dowéinst - huet de russesche Komponist fir seng Wierker un alle musikalesche Quelle gezaapt - un deenen aus der Vergaangenheet an un deene fuschneien. Modern, neoklassizistesch, neobarock - den Igor Strawinsky krut vill Etiketten ugepecht. A grad ëm d'Etikett huet hie sech am mannste gekëmmert. Mat sengem Ballet "Le Sacre du Printemps" hat de Strawinsky ee vun deene gréisste musikalesche Skandalen ausgeléist. Haut sinn et 50 Joer hier, datt de Komponist zu New York gestuerwen ass.