Key to Classics
Weltausstellungen
1851 war zu London am Crystal Palace "The Great Exhibition" - déi éischt Weltausstellung. Weltausstellunge waren am 19. Joerhonnert virun allem Industriefoiren. An awer hu se duerch hire globale Charakter Mënschen, hir Gewunnechten, hir Kulturen aus den ënnerschiddlechste Länner zesummebruecht - wat net ouni Afloss op Konscht a Musek blouf.
Op der Weltausstellung 1889 zu Paräis stellt den Edison säi Phonograph vir. Virun allem awer léieren d'Komponiste Maurice Ravel a Claude Debussy déi orientalesch Kultur kennen an och déi javaneesesch Gamelan-Musek. Déi fernëstlech Kläng ginn e Bestanddeel vum Debussy sengen impressionistesche Wierker, iwwerdeems de Ravel säi Faibel fir den Orient entdeckt a säi Lieder-Zyklus "Shéhérazade" komponéiert.