arrow_back_ios
Key to Classics
Musek fir Kanner
Robert Schumann: Kinderszenen - Georges Bizet: Jeux d'enfants: ëmmer nees hu Komponiste fir Kanner, dacks fir hir eege komponéiert. Datt den Nowuess eng Inspiratiounsquell kéint sinn, war laang keen Thema an der Musek. Eréischt mat der Opklärung an dann vum 19. Joerhonnert un réckelen déi Kleng an d'Bewosstsinn vun der Erzéiung an domadder och vun der Musek. Dernieft gëtt et och prominent musekspedagogesch Wierker fir Kanner wéi dem Benjamin Britten säin "Young Persons Guide to the Orchestra".
Musek