arrow_back_ios
Key to Classics
Dem Telemann säi Kantaten-Librettist
Vill Plaz fir d'Musek - dat war dem Theolog Erdmann Neumeister säi roude Fuedem beim Schreiwe vu Kantaten-Texter. Den Neumeister, Paschtouer zu Hamburg, Frënd vum Komponist Georg Philipp Telemann, war vun der Sprooch begeeschtert a vun hirer Verflechtung mat der Musek. No italieneschem Modell - mat vill Rezitativen - huet en de Gros vum Telemann senge Kantaten-Texter geschriwwen. Ganz gären hätt den Erdmann Neumeister och de Johann Sebastian Bach als Komponist zu Hamburg installéiert a fir hie geschriwwen - dat ass ëm awer net gegléckt.
Musek