arrow_back_ios
Key to Classics
Hallelujah!
De Georg Friedrich Händel huet doudsécher net "Halleluja" gejaut, wéi hien déi leschten Nout vu sengem Oratorium "The Messiah" um Blat hat. Den Händel war e Komponist, dee séier geschriwwen a sech seele mat engem Wierk geplot huet. "Halleluja" géif hien awer bestëmmt haut ruffen, wann hie wéist, wéi populär d'Wierk bis haut nach ass, eng Popularitéit, déi zanter der Première zu Dublin, den 13. Abrëll 1742, ni nogelooss huet.
Musek