Key to Classics
"Angelico maestro"
"Angelico maestro" huet de Vincenzo Bellini säi Landsmann Giovanni Battista Pergolesi voller Bewonnerung genannt. De Pergolesi ass ee vun de Grënner vun der Opera buffa an huet mat "La serva padrona" direkt e Bijou vum Genre an de Repertoire bruecht. Bekannt ass de Pergolesi awer virun allem duerch säi lescht Wierk, dat hie schreift: "Stabat Mater". De Komponist hat 26 Joer an ass kuerz drop, de 16. Mäerz 1736, un Tuberkulos gestuerwen. De Joachim Fontaine mat engem Portrait vum Pergolesi, deen zu Liefzäite grad esou vill Kritiker wéi Bewonnerer vu senger Musek hat.