arrow_back_ios
Key to Classics
Riddo op fir een neien Museksgenre
Musek war iwwer Joerhonnerte bei all méigleche Geleeënheeten ze erliewen - mat Ausnahm vun der Bühn. Déi war fir déi grouss klassesch Tragedien reservéiert, wou zwar och emol Musek ze héiere war, mee nie als Bestanddeel vum ganze Stéck. Eréischt an der Renaissance koum de Gedanken op, Musek an Theater méi enk mateneen ze verknëppen. De Wee war fräi fir een neie Genre: d'Oper. Eng vun deenen éischten Operen hat hir Première de 6. Oktober 1600 zu Florenz: "Euridice" vum Jacopo Peri.
Musek