#beethoven20

Duerch d'Corona-Pandemie krut de Jean Muller eng ganz Partie Concerten ofgesot. Déi nei gewonnen Zäit notzt de Pianist fir en neie Projet: All Woch interpretéiert hien eng Pianossonat vum Beethoven bei sech doheem an der Stuff a setzt de Video online. Parallel dozou gëtt de Jean Muller an der Serie #beethoven20 um radio 100,7 en déiwen Abléck an de Kosmos vun dësen 32 Sonaten.

 

D'Waldstein-Sonat

D'Waldstein-Sonat ass e Wierk, mat deem de Beethoven en neie musikaleschen Universum opmécht. Déi immens grouss Zuel u pianisteschen Iddien a Klangfaarwe mécht dëst Wierk zu enger onendlecher Quell vun Inspiratioun a Freed.

Rezent Emissiounen

  • Editeuren a Konkurrenz

    Wéi stoung de Beethoven mat den Editeuren? Wie ware seng Konkurrenten?

  • Über'm Sternenzelt ...

    De Beethoven a säin Interessi u Politik a Pilosophie.

  • Niewent de Sonaten

    De Ludwig van Beethoven huet niewent de Sonaten nach eng ganz Rëscht aner Wierker fir Piano geschriwwen. De Jean Muller gëtt en Iwwerbléck.

  • Sonate fir Piano an Orchester

    An dëser Episod vun der Serie #beethoven20 proposéiert de Jean Muller en Iwwerbléck iwwer dem Ludwig van Beethoven seng Concertoen.

  • How To Mondschein

    An dëser besonnescher Episod proposéiert de Jean Muller eng Aféierung an d'Interpretatioun vum éischte Saz aus der Mondschein-Sonat.

  • Hammerklavier

    Déi bekannt Sonat Opus 106 vum Ludwig van Beethoven gëtt aus dem Material vu just den éischte puer Täkt eraus destilléiert.

  • Den hellegen Universum vun de leschte fënnef Sonaten

    Dem Ludwig van Beethoven seng 28. Sonat markéiert e Schnatt am Komponist sengem Wierk.

  • Les adieux

    Basis vun dësem Wierk ass eng programmatesch Iddi, déi de Ludwig van Beethoven an d'Form vun enger Sonat gegoss huet.

  • De Guckuck

    Wéi och well bei deenen anere méi liichte Wierker iwwerzeegt och dës 25. Sonat mat hirem Witz an hirer Originalitéit.

  • Eng nei Richtung no fënnef Joer Paus

    Net nëmmen d'Tounaart vum Beethoven senger 24. Sonat ass exotesch. De Jean Muller gëtt en Abléck an dëst kuerzt Wierk voller neier Iddien.
     

  • Appassionata

    En Titel deen der dramatescher Dimensioun vum Beethoven senger 23. Sonat net gerecht gëtt.

  • Die Schöne und das Biest

    De Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an dës net ëmmer ganz zougänglech, dofir awer schéi Sonat Opus 54 mat hirem ongewinnte Spëtznumm.

  • D'Waldstein-Sonat

    De Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an d'Sonat, déi ënner Pianisten a Melomanen e scho bal legendäre Ruff huet.

  • Och e Meeschter an der ganz klenger Form

    Vill Pianosschüler léieren d'Beethoven-Sonaten iwwer déi 20. kennen. E Wierk, dat trotz sengem liichten Niveau net zE ënnerschätzen ass.

  • Klein aber fein

    Obwuel d'Sonaten Opus 49 e pedagogeschen Zweck hunn, weist de Beethoven och hei seng ganz Maîtrise vun der Kompositiounskonscht.

 

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen