arrow_back_ios
Zäithistoriker
Lëtzebuerger Gestapiste
Den 28. Mee koum "La justice belge, les bourreaux allemands et la Shoah" eraus. D'Autorin, d'Marie-Anne Weisers, Fuerscherin op der Université Libre de Bruxelles, hannerfreet d'Aart a Weis, wéi déi belsch Justiz, no der Liberatioun, déi däitsch Krichsverbriecher jugéiert huet. An hireem Buch geet et ëm Victimmen, ëm Täter a souguer ëm Leit, déi béides an engem waren. An engem Kapitel sinn d'Haaptprotagoniste Lëtzebuerger. Eng Chronik vum Vincent Artuso.
Politik a Gesellschaft