arrow_back_ios
Zäithistoriker
Befreien a bändegen
Esch war wahrscheinlech déi éischt Gemeng zu Lëtzebuerg mat enger eegener Kulturpolitik. Seng Gemengebibliothéik, déi eelst am Land, feiert dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag. Si ass also zu deem Moment entstanen, wéi och dat allgemengt Walrecht ageféiert gouf. An dat ass keen Zoufall. D'Bibliothéik krut deemools d'Missioun aus den Aarbechter opgekläerte Bierger ze maachen. Hir Roll war awer och, d'geféierlech Instinkter vum Proletarier ze bändegen. Eng Chronik vum Vincent Artuso.
Politik a Gesellschaft