Blue Note
Kee Like a Jazz Machine / Portrait Lee Konitz
D'Saison 2019/2020 ass och zu Diddeleng am Kulturzenter OpderSchmelz eriwwer. Deemno gëtt et dëst Joer kee Festival Like a Jazz Machine. D'Patricia Jochheim vum Kulturzenter verréit, wat fir eng aner Concerten verréckelt oder annuléiert sinn.
De Saxophonist Lee Konitz ass gestuerwen. Och hien ass en Affer vun der Covid-19-Pandemie. Mir proposéieren e Portrait vun dësem Pionéier vum Cool Jazz.
Dee finneschen Trompettist Verneri Pohjola bréngt beim Label Edition Records en neien Album eraus: "The Dead Don't Dream".