arrow_back_ios
Key to Classics
Showbusiness an der Klassik
Nëmme gutt Musek spillen ass schonn am 19. Joerhonnert net duer gaange fir Opmierksamkeet ze kréien. Grad déi grouss Virtuosen, déi grouss Meeschter um Piano an op der Gei, wousste genee, datt de Public och e bësse Show verlaangt. Museker wéi de Franz Liszt oder de Pablo de Sarasate hu geliwwert. Do wou si opgetruede sinn, sinn Dammen dacks an d'Schwächt gefall.