arrow_back_ios
Key to Classics
Media vita in morte
Déi feierlech Doudemass, wéi se an der kathoulescher Liturgie gefeiert gëtt, war eng grouss Inspiratiounsquell fir Komponisten. Et geet ëm den Doud, et geet ëm dat Jéngst Geriicht an déi éiweg Rou - Themen, déi vill Plaz loosse fir déi musikalesch Phantaisie a Kreativitéit. An déi hunn d'Komponiste ganz ënnerschiddlech genotzt.